
RTL Lëtzebuerg
January 20, 2025 at 03:23 PM
*D'Inauguratioun vum Donald J. Trump* 🇺🇸
Dem Donald J. Trump seng zweet Presidentschaft geet géint *18 Auer* eiser Zäit un, wann hien den "Oath of Office" op d'Bibel schwiert. Doranner versprécht hien, d'Constitutioun vun den USA ze oprechtzëerhalen, ze protegéieren an ze verdeedegen.
No der Vereedegung wäert hien eng *Inauguratiounsried* halen. Informatioune vum "Wall Street Journal" no wëll hien doranner zu enger *"Revolutioun vum gesonde Mënscheverstand"* opruffen.
Méi *Detailer* an ee *Livestream vu 17h00 u* fannt Dir hei : https://sho.rtl.lu/h54o8f6k
❤️
👍
😢
😮
13