RTL Lëtzebuerg WhatsApp Channel

RTL Lëtzebuerg

15.2K subscribers

Verified Channel

About RTL Lëtzebuerg

Bleift zu all Moment informéiert

Similar Channels

Swipe to see more

Posts

RTL Lëtzebuerg
RTL Lëtzebuerg
5/26/2025, 3:22:09 PM

*Spiller vun de klenge Länner: Suivéiert d’Erëffnungszeremonie vun 21:30 Auer u live* *Vum 26. Mee bis den 31. Mee* sinn an Andorra déi 20. Spiller vun de klenge Länner. Lëtzebuerg ass mat *165 Sportlerinnen a Sportler* vertrueden, déi zanter e Samschdeg an Andorra sinn. Nach ni virdru waren esou vill Sportler aus dem Grand-Duché bei Spiller vun de klenge Länner dobäi. De *Livestream* an all déi *wichteg Informatioune* fannt Dir *hei* : https://sho.rtl.lu/xgttz0lk

Post image
👍 ❤️ 8
Image
RTL Lëtzebuerg
RTL Lëtzebuerg
5/24/2025, 8:46:34 AM

🤔🏎️🇲🇨

❤️ 👍 😂 🙏 6
RTL Lëtzebuerg
RTL Lëtzebuerg
5/30/2025, 12:43:20 PM

🥗🍇*Wou kann een zu Lëtzebuerg am beschte vegetaresch iesse goen?* Dir sidd alt nees gefrot! Dir kennt DÉI Adress am Land, fir gutt vegetaresch iessen ze goen? Heizou zielen natierlech och vegan Platen oder Restauranten, et muss just op d'mannst vegetaresch sinn, also ouni Fleesch oder Fësch. Vegan Choixen sinn awer och méi wéi wëllkomm! 🥦 *Maacht elo bei eiser Ëmfro mat, all Stëmm zielt!* 👉 https://sho.rtl.lu/ets9e3gd

Post image
👍 ❤️ 😂 5
Image
RTL Lëtzebuerg
RTL Lëtzebuerg
5/27/2025, 1:43:26 PM

*Gold fir d'Jenny Warling am Karate: "Eng wäertvoll Medail fir Lëtzebuerg an eng wäertvoll Medail fir mech"* En Dënschdeg de Moien huet d'*Jenny Warling* an der Kategorie Kumite ënner 55 Kilogramm d'*Goldemedail bei den Damme* gewonnen. *An der Finall konnt sech d'Lëtzebuerger Karateka mat 5:2 géint d'Helena Backovic aus Montenegro behaapten.* Ausgedroe gouf den Turnéier am Round-Robin-Modus, wou jiddereen ee Mol géint jiddereen untrëtt an déi zwee Bescht sech dann nach ee Mol um Enn an der Finall géigeniwwer stinn. De *kompletten Artikel* fannt Dir *hei* : https://sho.rtl.lu/mpquk4sw

Post image
👍 12
Image
RTL Lëtzebuerg
RTL Lëtzebuerg
5/23/2025, 2:24:56 PM

*D'Woch op RTL* 📢 Och eng Kaz kann Droge schmuggelen 🐈 Am Grand-Duché geet ee méi laang schaffen🎒 "Méi net am Mee", oder awer? 🌾 Nowuess um Haff👶 Schëss zu Veianen🔫 Kontroll a Kalibratioun🛬 De 15. Juli ass Schluss🤸‍♂️ Waffeproduktioun zu Lëtzebuerg?⚔   De komplette Wocheréckbléck fannt Dir hei : https://sho.rtl.lu/y60d0nl9

😢 😮 2
Video
RTL Lëtzebuerg
RTL Lëtzebuerg
5/28/2025, 1:22:01 PM

*Take Off* - D'Aventure geet weider Nei Kandidate gesicht fir déi drëtt Staffel🧪🧫 Wann ee keng Angscht huet virun neien Erausfuerderungen a sech fir d’Wëssenschaften interesséiert, da soll ee bei Take Off matmaachen. Der Science Challenge Show, mat der Chance op 10.000 Euro, fir säi Startschoss an d’Liewen. Fir matzemaachen, muss een tëscht 15 an 21 Joer al an op enger Schoul zu Lëtzebuerg ageschriwwe sinn, respektiv en Diplom vun enger Schoul hei am Land hunn. Weider Informatiounen an de Formular fir d’Aschreiwung fannt Dir hei : https://sho.rtl.lu/dz3qg2mt

Post image
👍 ❤️ 8
Image
RTL Lëtzebuerg
RTL Lëtzebuerg
6/3/2025, 1:09:50 PM

*"Engem anere mat Absicht an den Auto fueren, ass en No-Go", esou den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl* Um Circuit zu Barcelona war et e Sonndeg zu engem *Incident tëscht Verstappen a Russell* komm, dat fir den aktuelle Weltmeeschter nach kéint en Nospill hunn. No engem Safety Car gouf de Max Verstappen op Red Bull a sengen Ae *vum George Russell vum Circuit gedréckt*, ass dunn *awer nees virum Mercedes-Pilot op d'Streck zeréckkomm*. Direkt déi Situatioun duerno huet *fir vill Diskussioune gesuergt*. Elo bei den nächste Grand Prixen zu Monreal a Kanada an zu Spielberg an Éisträich, däerf sech de Red Bull Pilot op jiddwer Fall keng erlaben. De *kompletten Artikel* fannt Dir *hei*: https://sho.rtl.lu/g7maddml

Post image
😮 👍 😂 ❤️ 😢 13
Image
RTL Lëtzebuerg
RTL Lëtzebuerg
6/2/2025, 4:19:25 PM

*Diskussioun ëm 5% vum PIB fir d'Defense: "Huet dat wierklech vill Wäert?", freet sech d'Ministesch Yuriko Backes* Enn vum Mount gëtt um *NATO-Sommet* driwwer diskutéiert, wat d'Länner sollen an d'Defense stiechen. Vu *bis zu 5% vum PIB* geet rieds. Dat wier eng enorm Zomme fir eist Land, dat seet och d'Lëtzebuerger *Defense-Ministesch*. Fir d'Yuriko Backes ass et wichteg ze wëssen, bannent wéi enger Zäit dës Zommen solle prett gestallt ginn. De *kompletten Artikel* fannt Dir hei: https://sho.rtl.lu/jf0fh5zb

Post image
😂 ❤️ 3
Image
RTL Lëtzebuerg
RTL Lëtzebuerg
5/24/2025, 8:44:32 AM

*Monaco: Glitzer, Glamour, Gaaps...* 🇲🇨 Soll d’F1 nach zu Monte Carlo fueren?🏎️

Post image
❤️ 5
Image
RTL Lëtzebuerg
RTL Lëtzebuerg
5/22/2025, 10:19:34 AM

*Bank Edmond de Rothschild zu enger Strof vu 25 Milliounen Euro verurteelt* Et ass déi *éischte Kéier* iwwerhaapt, *dass eng lëtzebuergesch Bank wéinst Blanchiment verurteelt gëtt*. Hannergrond vun deem Ganzen ass déi sougenannten *"1MDB"-Affär*, bei där Milliarde vun US-Dollar via e Staatsfong aus Malaysia detournéiert goufen. De *kompletten Artikel* fannt Dir *hei*: https://sho.rtl.lu/m6d8lioe

Post image
👍 😮 ❤️ 😂 6
Image
Link copied to clipboard!