RTL Lëtzebuerg
January 28, 2025 at 10:45 AM
*Nodenklech Wierder beim Gedenken un 80 Joer Befreiung vum KZ-Auschwitz*
De 27. Januar 1945, also genee virun 80 Joer, gouf d'Konzentratiounslager Auschwitz-Birkenau vu sowjeteschen Truppe befreit.
Dobäi goufen eng 7.000 Leit, déi hei nach agespaart waren, gerett. Ma vun 1940 bis 1945 goufen am Lager tëscht 1,1 an 1,5 Millioune Mënschen, déi meescht vun hinne Judden, dorënner och Lëtzebuerger, vun den Nazien ëmbruecht. E Méindeg um internationalen Holocaust-Gedenkdag gouf zu Auschwitz un d'Befreiung vum KZ erënnert: https://sho.rtl.lu/ut1trra7
❤️
👍
😢
😂
😮
🙏
13