RTL Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg

15.2K subscribers

Verified Channel
RTL Lëtzebuerg
RTL Lëtzebuerg
February 10, 2025 at 03:39 PM
*Decouverte a Concasseur* : Ëmmer *méi Detailer* zur Decouverte vu leschter Woch gi bekannt. 🔍 Bis elo war bekannt, dass dëst an der *Gemeng Rammerech* wier. Méi genee war et RTL-Informatiounen no op engem *Haff zu Bilschdref*, wou déi grouss Maschinn tëschestockéiert gi wier. De groussen Haff, wou u sech net méi aktiv geschafft gëtt, läit mat senge Scheieren an Halen ofgeleeën nieft enger Landstrooss südlech baussent der Uertschaft. D'Hal an där d'Maschinn fonnt gouf, soll verlount gewiescht sinn. Zwou Persoune goufen antëscht *verhaft* a sinn zu Suessem an Untersuchungshaft, wéi de Parquet confirméiert, dorënner *e Mann vun 38 an ee vun 43 Joer.* Méi Detailer zu dëser Affär fannt Dir hei : https://sho.rtl.lu/o0khnjvt
❤️ 😮 👍 6

Comments