
RTL Lëtzebuerg
February 25, 2025 at 03:29 PM
*Haut den Owend: Nei historesch Krimiserie "Marginal"* 🇱🇺
All Duerf huet seng Geheimnisser... Taucht *den Owend um 20 Auer* an d'Lëtzebuerg vum *fréien 20. Joerhonnert* an, wou *Verbriechen a Mystèren* d'Gesellschaft an Otem halen... 🦹
• Episod 1 – Holztem: 25. Februar 2025
Eng rätselhaft Mordaffär an engem klengem Duerf, wou all Hiweis op e wuel verstoppt Geheimnis hiweist.
• Episod 2 – Dikrech: 4. Mäerz 2025
Wann aus engem mysteriéise Verschwannen eng geféierlech Verschwörung gëtt, mussen den Henrotin an de Clemens erausfannen, wat Wourecht a Manipulatioun ass.
• Episod 3 – Péitruss: 11. Mäerz 2025
E Verbriechen am beléiften a liewege Quartier vun der Péitruss bréngt eng schrecklech Wourecht un d’Liicht, déi d’Schicksal vun enger ganzer Famill verännere kéint.
• Episod 4 – Biebereg: 18. Mäerz 2025
E Mann zu Onrecht ugeklot? D’Ermëttler geroden an dëser komplexer Affär an e Labyrinth vu falsche Spueren a géigesätzlechen Zeienaussoen.
*Haut den Owend, 20h00 Auer*: https://sho.rtl.lu/xqfbv8cm

👍
😮
🙏
5