RTL Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg

14.9K subscribers

Verified Channel
RTL Lëtzebuerg
RTL Lëtzebuerg
February 26, 2025 at 04:30 PM
*Jean-Claude Juncker: Spiert keng direkt Menace vum Putin vis-à-vis vun Europa, mä "ech warne mech selwer"* Et gëtt quasi keen Dag ouni Neiegkeete vun der Trump Administratioun, iwwert déi an Europa net de Kapp gerëselt gëtt. Zu de rezentsten Aussoen gehéieren déi, datt den ukrainesche President Selenskji en Diktator wier, datt d'USA Entschiedegungen vu Kiew fir den Asaz vu Waffe géife verlaangen an et fält ëmmer méi op, datt den Trump dem Putin säin Narrativ iwwerhëlt.   De fréiere Lëtzebuerger Premier an EU Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker staunt e bëssen iwwert déi Aussoen, mä hien hëlt se virun allem mat enger gudder Portioun Roserei op wéi en am RTL Interview mam Jeannot Ries sot. De kompletten Interview fannt Dir hei : https://sho.rtl.lu/nr7vun35
Image from RTL Lëtzebuerg: *Jean-Claude Juncker: Spiert keng direkt Menace vum Putin vis-à-vis vu...
❤️ 🙏 2

Comments