RTL Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg

14.9K subscribers

Verified Channel
RTL Lëtzebuerg
RTL Lëtzebuerg
February 27, 2025 at 04:40 PM
*Hie war Affer, Täter, Mattäter a kriminell, a wëll elo mat sengen Erfarunge Kanner a Jugendlecher hëllefen.* De fréieren däitschen Acteur Carsten Stahl war e Mëttwoch am Kader vun enger Konferenz fir d'Schoulpersonal op Besuch zu Lëtzebuerg, fir seng Präventiounsseminäre géint Mobbing ze präsentéieren. Nodeems säin eegene Jong viru méi wéi 10 Joer Affer vu Mobbing an der Schoul ginn ass, huet de Carsten Stahl decidéiert, seng Bekanntheet ze notzen, fir op de Problem vum Mobbing opmierksam ze maachen. Mëttlerweil ass hien a ganz Däitschland an och zu Lëtzebuerg ënnerwee, fir Jonker an och d’Léierpersonal ze sensibiliséieren. De komplette Reportage fannt Dir hei: https://sho.rtl.lu/qqlt5vnu
Image from RTL Lëtzebuerg: *Hie war Affer, Täter, Mattäter a kriminell, a wëll elo mat sengen Erf...
❤️ 👍 😂 8

Comments