radio 100,7
radio 100,7
February 4, 2025 at 05:57 AM
E gudde Moie vum 100,7-Newsdesk gewënscht. Hei ass wéi gewinnt eisen 100,7-Moiesupdate. 🇱🇺✍️ *2024 goufe manner Asyldemanden agereecht, dofir gouf et méi Refusen* - Dat geet aus dem Rapport ervir, dee gëschter um Méindeg vun den Innen- a Familljeministere virun der Press presentéiert gouf. https://tinyurl.com/3ac8z9b4 🇱🇺🔎 *Charel Weiler: "Mir si keng Enquêtëkommissioun"* - Den CSV-Deputéierten a fréieren Affekot Charel Weiler ass neie President vun der Chamber-Spezialkommissioun “Caritas”. Schonn den drëtte President, no de Réckzich vu Laurent Zeimet a Stéphanie Weydert. https://tinyurl.com/4x9zppcn 🇺🇸🇨🇦🇲🇽 *Handelskrich virleefeg evitéiert: Kanada a Mexiko gi Kompromësser an* - Nodeems béid Staate Gespréicher ugebueden hunn, huet den Trump seng Decisioun fir Importsteieren an Héicht vu 25 Prozent anzeféiere fir ee Mount ausgesat. https://tinyurl.com/3rbuvjk3

Comments