
radio 100,7
445 subscribers
About radio 100,7
Aktualiteit an ausgewielte Stories.
Similar Channels
Swipe to see more
Posts

Gudde Moien op dësen Samschdeg 🎭🎶 Zäit fir ze kucken, wat dës Woch an der Kultur esou gelaf ass 🎙️ *Interview mat der Vicky Krieps* - Iwwert hir Roll an der Verfilmung vu Love Me Tender, hir nei Produktiounsfirma Viktoria Productions an d’Absence vum neien Jim Jarmusch Film op der Croisette. https://tinyurl.com/235dyddd 📚 *“wie viele faden tief“ vun der Ulrike Bail gouf op Franséisch iwwersat* - D'Ludvine Jehin an dem Jean-Philippe Rossignol hunn d'Gedichter an d'Franséischt iwwerdroen. D'Ulrike Bail an d'Ludivine Hehin waren Invitéeë beim Valerija Berdi. https://tinyurl.com/3rz5aby5 🎭 *Den TalentLab steet virun der Dier* - Zil ass et, den Dialog tëschent confirméierten an emergente Kënschtler:innen, dem grousse Publik an den Institutiounen ze fërderen. https://tinyurl.com/td2fd8fv


🌆🗞️ Eng leschte Kéier fir dës Woch presentéiere mir Iech eisen Owesupdate, de perfekten Iwwerbléck iwwer d’Aktualitéit. 🇱🇺🇷🇺 *Eventuell Visitt zu Moskau: EKR-Fraktiounschef dreet dem Fernand Kartheiser mam Ausschloss* - De Fernand Kartheiser hat op X annoncéiert, datt hie vu russesche Politiker invitéiert gouf, an och d’Intentioun hat, déi Invitatioun unzehuelen. https://tinyurl.com/r9tjjbjy ⚽⚖️ *Trotz Verurteelung vun der Justiz: FLF gëtt dem Gerson Rodrigues eng zweet Chance* - Ënner anerem wéinst Coups et blessures volontaires war de Gerson Rodrigues leschte Mount och an zweeter Instanz vun der Justiz verurteelt ginn. https://tinyurl.com/bdher9v6 🇺🇸🇪🇺 *Donald Trump dreet der EU mat neien Tariffer* Den US-amerikanesche President Donald Trump dreet der Europäescher Unioun mat Import-Taxen an der Héicht vu 50 Prozent. https://tinyurl.com/yc6yn5p5


Egal ob um Kaffisdësch ☕ oder schonn op der Aarbecht 💼: Start gutt informéiert an den Dag mat eisem Moiesupdate👇 🇱🇺🏛️ *Entente vun den Office-sociallen erhofft sech duerch de Guichet social unique Verbesserungen* - Manner administrativen Opwand bei den Demandë fir sozial Hëllef: Dat wënscht sech d’Entente vun den Office-sociallen. https://tinyurl.com/4ne8fanh 🇫🇷🩼 *Franséisch Assemblée nationale stëmmt iwwer Stierfhëllef of* - Bei der Stierfhëllef ginn d’Meenung auserneen. Et dierft deemno e spannende Vott ginn. https://tinyurl.com/5ahx5f38 🇭🇺🏳️🌈 *Ungarescht Anti-LGBTQIA+-Gesetz: 14 EU-Länner appelléieren un d'EU-Kommissioun* - An engem Bréif, deen eis virläit, verurteele si rezent Mesurë vun Ungarn, dorënner ee Verbuet vu Pride Paraden. https://tinyurl.com/35tmk5uh


Start informéiert an déi nei Woch mat eisem Newsiwwerbléck🗞️ 💰 *Verwaltungsrot schéckt scho Februar 2024 ee formelle Bréif un d’MUDAM-Direktesch* - E Rapport vum Patrick Majerus, fréiere President vum Musée um Kierchbierg, huet d’lescht Joer schonn op Dysfonctionnementer higewisen. Dat weisen Dokumenter, déi eis virleien. https://tinyurl.com/5besvkac 👩🌾 *Lëtzebuerg proposéiert Ofschwäche vun EU-Gesetz géint Deforestatioun* - Op der Reunioun vun den EU-Agrarministere setzt sech d’Landwirtschaftsministerin Martine Hansen dofir an, fir déi europäesch Reegele géint d’Deforestatioun ze labberen. https://tinyurl.com/465xdfrx 🚣♂️ *Anarchistegruppe revendiquéiere Stroumpann a Frankräich* https://tinyurl.com/y76cp9h5


Mir hunn Iech och haut erëm déi wichtegst Noriichte vum Dag zesummegestallt. 📌 🚓🚨 *Lokal Policeunitéit fir de Museldall* - Vum 1. Juni un ass déi lokal Policeunitéit an 8 Gemengen an der Mouselregioun am Asaz. https://tinyurl.com/vny7jzcx 👸💖 *D'Prinzessin Alexandra an hire Mann Nicolas Bagory erwaarden hiert zweet Kand*- D'Kand soll am Hierscht op d‘Welt kommen. https://tinyurl.com/vz8uh4tk 🏛️🇱🇺*Inneministère annuléiert Decisioun vum Bettenduerfer Gemengerot net* - Den Inneministère war mat zwee méigleche Formfeeler befaasst ginn. Huet awer keng Irregularitéite festgestallt. https://tinyurl.com/yc878f4j


🌆 Den éischte Feierowend vun dëser Woch steet virun der Dier. Dofir hei eisen Owesupdate. 🇷🇺🇪🇺🇱🇺 *Fernand Kartheiser soll aus der EKR ausgeschloss ginn - Alexandra Schoos stellt sech hanner EU-Deputéierten* - De Fernand Kartheiser ass um Sonndeg, op eegen Initiative, op Moskau gereest, hien hat virdrun ugekënnegt, datt hie vum russesche Parlament, der Duma, invitéiert gouf, an déi Invitatioun géif unhuelen. https://tinyurl.com/3bw9ar3f 🌳🇪🇺 *"Administratiivt Monster": Martine Hansen proposéiert Vereinfachung vun EU-Reglement* - Lëtzebuerg proposéiert zesumme mat Éisträich Ännerungen um EU-Gesetz géint d‘Zerstéierung vum Bësch. https://tinyurl.com/y9z5xv3f 🇱🇺 *Fédération des artisans an CSL mat ënnerschiddleche Vuen op déi ugekënnegt Pensiounsreform* - D’Federation des artisans gesäit der geplangte Pensiounsreform positiv entgéint. D’Chambre des salariés kritiséiert déi ugekënnegt Pensiounsreform dogéint schaarf. https://tinyurl.com/3nw26v4b


☔ Gudde Moien op dësem Mëttwoch, 28. Mee 2025. Zäit fir den 100,7-Moiesupdate 🗞️ *EU-Kommissioun: Keng zousätzlech legal Schrëtt géint Ungarn fir elo* - Dat trotz dem Drock vu verschiddene Memberlänner an aus dem Europaparlament. https://tinyurl.com/4awwpep6 *Frankräich: Gesetzpropositioun fir Stierfhëllef ugeholl* - De President Macron huet nom Vote vun enger wichteger Etapp geschwat. https://tinyurl.com/mr2hau47 *Decisioun iwwer Ausschloss vum Fernand Kartheiser fält an enger Woch* - De Grond ass dem Fernand Kartheiser seng ëmstridde Rees op Moskau. https://tinyurl.com/mrycxudn


🌆 De Feierowend steet virun der Dier. Domadder ass och Zäit fir eisen 100,7-Owesupdate, mat deem Dir den Dag gutt informéiert ofschléisse kënnt 🗞️ 👇 *Déi Lénk geheien dem Premier en autoritäre Stil vir* - Déi Lénk kritiséieren dem Premier Luc Frieden säi Virgoen a Saache Pensiounsreform – hie géif en autoritäre Stil fueren. https://tinyurl.com/szmatwwa *Federatioun vun de Fahrschoulen: 16 Farstonne ginn hautdesdaags net duer* - Den Taux de réussite beim Fürerschäin ass an de leschte Jore gesonk. https://tinyurl.com/est8bdzb *Parquet stellt sech hannert Reporter-Journalistin* - Am Géigesaz zu aneren esou Affairen huet d’Vertriederin vum Parquet dës Kéier Positioun bezu mat an engem Requisitoire, well - wéi si sot - fundamental Prinzippien am Spill wieren. https://tinyurl.com/yc8ymj3c


Gudde Moien, haut ass Freideg den 23. Mee, hei Ären News-Iwwerbléck!🗞️ 💰 *Manner Immigratioun a Groussbritannien* - D'lescht Joer sinn 431.000 méi Leit a Groussbritannien komm, wei der fortgaange sinn, schätzt den Office for National Statistics (ONS). https://tinyurl.com/3smpehx6 👩🌾 *D'UEL stellt de Gewerkschaftsmonopol fir Kollektivverträg net a Fro* - Dat wier ee staarken Engagement an och eng Concessioun, sou de Marc Wagner. https://tinyurl.com/5dehz5dm 🚣♂️ *US-Uni Harvard dierf keng international Student méi unhuelen* - Déi US-amerikanesch Regierung huet der Uni d‘Autorisatioun entzunn, fir international Studenten unzehuelen. https://tinyurl.com/9adeeuyn


Gudde Moie mam 100,7-Moiesupdate☕ Start informéiert an den Dag 🇱🇺🪙 *Gesondheetkeess schätzt Defizit fir 2025 op 132 Milliounen Euro* - De Projektioune fir 2026 no kéint d’CNS déi legal Reserve vun 10 Prozent vum Joresbudget erreechen, allerdéngs wier dat 2027 net méi de Fall. Wéi schonn am Hierscht op der Quadripartite vun der CNS virausgesot, gouf et zejoert bei der Gesondheetskeess een Defizit vu 25,8 Milliounen Euro. https://tinyurl.com/4cbhmav4 🚛🇵🇸 *100 weider Camionen an d‘Gazasträif gelooss* - Dat hunn déi israeelesch Autoritéite matgedeelt. Et wier Miel, Narung fir Bëbeeën a medezinesch Ausrüstung geliwwert ginn. Bis ewell wier awer näischt dovunner bei der Populatioun an der Gazasträif ukomm, heescht et vun der UN. https://tinyurl.com/pe9vrprt
