radio 100,7
February 4, 2025 at 04:54 PM
Gudden Owend op dësem Dënschdeg. Den 100,7-Owesupdate vum Kierchbierg direkt op äre Smartphone📱
🔬🇱🇺 *LNS: D'Waardezäit fir Kriibsdiagnosen ass erofgaangen* - An der Pathologie dauert et mëttlerweil ronn 8 Deeg. Bei den Ofstrécher vun de Frae muss ee mat 2 bis 3 Deeg Waardezäit rechnen. Dat ass eng signifikant Verbesserung zu leschtem Fréijoer.
https://tinyurl.com/ym59abj4
🇪🇺🇺🇸 *Méiglechen Handelskrich mat den USA: EU wéisst sech ze verdeedegen* - Dat seet de Premier Luc Frieden. Europa wier net do fir als Affer do ze stoen. D'Zil vun der EU wier e fairen Handel mat den USA.
https://tinyurl.com/4dn2pexa
🇱🇺🌳 *Lëtzebuerg investéiert 320 Milliounen Euro an international Klimaschutzprojeten* - De Serge Wilmes erkläert, datt d'Investitiounen an Zukunft ëmmer erëm dräi Voleten zesumme behandele sollen: De Klimawandel, d'Biodiversitéit an och de Landverbrauch.
https://tinyurl.com/2mb259ed