
radio 100,7
February 5, 2025 at 06:09 AM
👋 E gudde Moie vum Kierchbierg gewënscht. E gutt informéierte Start an den Dag ass mat eisem 100,7-Moiesupdate garantéiert.
🇱🇺🚜 *D'Biogasproduktioun zu Lëtzebuerg huet weider mat Problemer ze kämpfen* - De Lëtzebuerger Secteur vun der Biogas-Produktioun huet der Biogas-Vereenegung no mat diverse Schwieregkeeten ze kämpfen. Dobäi gouf virun zwee Joer déi national Strategie ugepasst.
https://tinyurl.com/23yau6s5
🇺🇸🇵🇸 *Den Donald Trump wëll d'Gazasträif nees ekonomesch opbauen* - Den amerikanesche President Donald Trump wëll, datt d‘USA d‘Gazasträif iwwerhuelen an ekonomesch nees opbauen. Noutfalls kéint och dat amerikanescht Militär agesat ginn.
https://tinyurl.com/3bb86pvf
🇫🇷 *Zwee nei Mësstrauensvotten an der franséischer Assemblée Nationale* - Bis Enn der Woch kéinten der nach e puer dobäikommen. Trotzdeem muss de Premier François Bayrou net ëm säin Amt fäerten. Besonnesch wéinst de Sozialisten.
https://tinyurl.com/3k5jmbt9