radio 100,7
February 6, 2025 at 05:55 AM
👋Mir schreiwen de 6. Februar 2025. Up to date bleiwt Dir wéi gewinnt mat eisem 100,7-Moiesupdate
🇱🇺📣 *Liberaliséierung vun den Ouvertureszäiten: Méi Etüden, manner Bauchgefill* - D’Aarbechts- an d’Wirtschaftsministeren hätte gëschter um Mëttwochmëtteg an der zoustänneger Chamberkommissioun net déi néideg Informatioune geliwwert iwwer d’Noutwendegkeet vun enger Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten am Commerce an och iwwer d’Sonndesaarbecht.
https://tinyurl.com/mj3f2pf8
🇪🇺🇨🇳 *EU viséiert Bëlleg-Portaler ewéi Temu a Shein* - D’Europäesch Kommissioun wëll géint dee massiven Import vu Bëlleg-Produite virgoen. Et gëtt Bedenken, wat d’Sécherheetsstandarden an de Konsumenteschutz ugeet.
https://tinyurl.com/2kxp2cwh
🇮🇱 *Israel verléisst den UN-Mënscherechtsrot a wërft hinnen Antisemitismus vir* - Dëse Gremium mat Sëtz zu Genf géif déi eenzeg Demokratie am Noen Osten, nämlech Israel, dämoniséieren.
https://tinyurl.com/54uv7ccy