radio 100,7
February 7, 2025 at 05:02 PM
Gudden Owend, ee leschten Newsupdate fir dës Woch 🗞️ Verpasst och net d‘100,7 Eurosonic-Aircheck Session am Gudde Wëllen haut den Owend🎶
🇱🇺 *Coup am Drogemilieu: Puer Honnerte Kilo Kokain am Norde vum Land séchergestallt* - Dat huet de Procureur d‘État vun Dikrech Ernest Nilles de Freidegmëtteg virun der Press matgedeelt. Dat geneet Gewiicht konnt bis ewell nach net ermëttelt ginn, erkläert den Ernest Nilles.
https://tinyurl.com/5d7rfwt8
🔴 *Mobbingvirwërf an der Gemeng Conter: OGBL hätt seng gewerkschaftlech Aufgaben erfëllt* - Vu ville Leit wier der Gewerkschaft iwwer Mëssstänn an der Gemeng Conter bericht ginn, erkläert nach den Alain Rolling vum OGBL.
https://tinyurl.com/yp2cvesc
🍃 *Upassungsstrategie un d‘Effekter vum Klimawandel soll aktualiséiert ginn* - Dat mat 131 konkrete Mesuren a 16 verschiddene Beräicher, esou de Serge Wilmes de Freidegmëtteg virun der Press.
https://tinyurl.com/32xp5f7r