radio 100,7
radio 100,7
February 11, 2025 at 06:01 AM
Gudde Moien, hei sinn déi wichtegst News vun haut erausgepickt🗞️ 🚌 *D'Mobilitéitsministesch berouegt: Aktuell TICE-Kontrakter gi bäibehalen an transferéiert* - D‘Mobilitéitsministesch Yuriko Backes reagéiert op Kritik vun der Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC iwwert d‘Zukunft vum TICE. https://tinyurl.com/49zr83hx 🤖 *Sproochmaschinn.lu: Geschwaten Texter verschrëftlechen oder Texter lauschteren* - Mat „Sproochmaschinn.lu“ gëtt et elo een neien Outil fir kënschtlech Intelligenz op Lëtzebuergesch. Doriwwer kann ee souwuel geschriwwen Texter lauschteren, wei och geschwaten Texter oder Audiodateie verschrëftlechen. https://tinyurl.com/49t9pu9x 🇫🇷 *Emmanuel Macron: Europa ass am Beräich vun der KI net kompetitiv genuch* - Europa misst awer méi séier viru kommen an dofir bräicht et eng gemeinsam Linn, déi haut vun der EU-Kommissiounscheffin soll virgestallt ginn. Europa misst endlech méi aktiv ginn, sou de Macron de Méindeg am Grand-Palais. https://tinyurl.com/395p6xcr

Comments