radio 100,7
radio 100,7
February 12, 2025 at 05:07 PM
Gudden Owend 🌆 schléisst den Dag informéiert of, mam 100,7-Owesupdate 🇱🇺 *Zweet a lescht Consultatiounsphas zum Rentesystem ass lancéiert* - Hir Iddie fir ee gerechten, nohaltegen an upassungsfäege Rentesystem kënnen d’Bierger:innen vun haut, 12. Februar un a bis den 9. Mäerz op der Plattform "schwätzmat.lu" ofginn. Dobäi soll et ënner anerem ëm déi finanziell Ofsécherung vum System goen. https://tinyurl.com/4mncdy4v 🇱🇺 *Nei Informatiounen iwwer grouss Decouverte vu Kokain* - D‘Gesamtgewiicht géif bei e bësse méi wéi 889 Kilo leien, esou de Parquet an engem Communiqué. D‘Valeur vum Kokain géif op tëscht 80 an 160 Milliounen Euro geschat ginn https://tinyurl.com/5sv57n86 🔴 *Caritas Spezialkommssioun mat der Kathoulescher Kierch, mee ouni Kardinol* - De Jean-Claude Hollerich wier den 12. Mäerz, do wou d‘Vertrieder:inne vun der Kathoulescher Kierch solle Ried an Äntwert stoen, op Auslandsrees. https://tinyurl.com/4kft9nn8

Comments