radio 100,7
radio 100,7
February 14, 2025 at 06:18 AM
Gudde Moien an ärem News-Update! Hei e puer Noriichte fir Iech erausgepickt🗞️ 🔒 *Zu Münche fänkt haut d‘Sécherheetskonferenz un* - Ronn 60 Staats- a Regierungscheffen an iwwer 100 Ministeren aus aller Welt komme bis e Sonndeg an der bayrescher Landeshaaptstad zesummen. Am Fokus steet alt nees de Krich an der Ukrain an d’Relatiounen tëscht Europa an den USA. https://tinyurl.com/mrxy9rwr 🏗️ *Lex Delles: Europäesch Taxen op US-Stol maache kee Sënn - Lëtzebuerg an och d'EU exportéiere méi Stol an d'USA wéi es importéiert gëtt, dohier ergëtt eng europäesch Tax op den US-Stol net vill Sënn, et misst een éischter am Dialog no Léisunge sichen, esou de Lex Delles weider. https://tinyurl.com/3xwczd7n

Comments