radio 100,7
February 14, 2025 at 04:52 PM
Gudden Owend 🥳 Mat engem leschten 100,7-Owesupdate fir dës Woch, schécke mir Iech an de Weekend.
🇱🇺 *Luc Frieden: Dag vum Trounwiessel gëtt kee Feierdag* - Fir den Trounwiessel den 3. Oktober dëst Joer, ee Freideg, wäert et kee Feierdag ginn, huet de Premier kloer gestallt. Den Dag duerno – samschdes - gëtt ee Volleksfest organiséiert.
https://tinyurl.com/m4p399aa
🚚 *Camionschauffer bei Aarbechtsaccident am Cargo Center gestuerwen* - De Freideg de Moie géint 8 Auer koum et am Cargo Center vum Fluchhafen zu engem déidlechen Accident. E Camionschauffer vun enger externer Firma war an deem Tëschefall verwéckelt.
https://tinyurl.com/4twpf2tj
🏳️🌈 *En Deontologiekodex fir Deputéiert?* - Doriwwer soll weider diskutéiert ginn, och wann et net evident wier sou ee Reegelwierk ëmzesetzen, fuerderen d’Vertrieder:inne vun enger Rei Fraktiounen a Sensibilitéiten an der Chamber.
https://tinyurl.com/mr3mv3as