radio 100,7
February 17, 2025 at 06:06 AM
Gudde Moien an dëser neier Woch 🗓️ start informéiert an den Dag mam 100,7-Moiesupdate
🇱🇺 *Lëtzebuerg erreecht Overshoot Day* - Haut, de 17. Februar, erreecht Lëtzebuerg, als éischt europäescht Land, säin Overshoot Day. Dat bedeit, datt Lëtzebuerg all seng natierlech Ressourcen opgebraucht huet, déi dëst Joer theoretesch zur Verfügung stinn.
https://tinyurl.com/u35sbfea
🇪🇺🇫🇷 *Aarbechtsreunioun zu Paräis vu verschiddene Regierungscheffen* - Do soll eng Äntwert op déi amerikanesch Ukënnegungen, mat Bléck op de Krich an der Ukrain, fonnt ginn. De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden gouf net invitéiert, wat hie bedauert.
https://tinyurl.com/y63mbv23
🇩🇪 *Quadrell virun de Bundestagswalen* - Eng Woch virun de Bundestagswalen an Däitschland stoungen sech 4 Kanzlerkandidaten a Kandidatinne Sonndegowend an enger Televisiouns-Debatt géigeniwwer.
https://tinyurl.com/y2ks7vcn