radio 100,7
radio 100,7
February 17, 2025 at 04:44 PM
👋 Gudden Owend vum Kierchbierg gewënscht, wou d’Sonn elo sou lues ënnergaang ass🌆 Eisen 100,7-Owesupdate gëtt Iech een Iwwerbléck iwwer d’Aktualitéit vun haut. 🇱🇺💶 *Lëtzebuerger gëtt zu Ischgl festgeholl wéinst Bezuele mat gefälschte Schäiner* - Zu Ischgl ass e Lëtzebuerger festgeholl ginn, deen an engem Restaurant mat gefälschte Sue bezuele wollt. Dat huet déi éisträichesch Police matgedeelt. https://tinyurl.com/4wbndsy7 🇱🇺📢 *Kritik vun der Hesper Oppositioun: "Mir gi méi gewuer, wa mir an ee Café ginn"* - Et geet ëm ee Gemengebeamten deem virgeheit gëtt, iwwer zwee Joer seng Aarbechtszäite manipuléiert ze hunn. D'Oppositioun fuerdert de Schäfferot elo op, eng Plainte géint ee Gemengebeamten ze maachen. https://tinyurl.com/mr3pb4pp 🇱🇺 *Iwwer 100 männlech Asyldemandeure waarden op eng Plaz an enger ONA-Struktur* - Déi Zuel nennt de Familljeminister Max Hahn op eng parlamentaresch Fro vun déi gréng. Déi Waardelëscht gëtt et zënter September 2023. https://tinyurl.com/4r4m7rkm

Comments