
radio 100,7
February 19, 2025 at 04:48 PM
Gudde Owend! D'Haaptnoriichte vum Dag fir Iech zesummegefaasst 📰
🚜 *De Christophe Hansen wëll een Deel vun de Subsiden anescht verdeelen* - De System vun den direkten Agrar-Subventioune soll net komplett geännert ginn, seet den EU-Agrar-Kommissär. Een Deel vun de Sue kéint awer méi geziilt ausbezuelt ginn.
https://tinyurl.com/bddh3ebe
🏛️ *déi gréng, DP an LSAP kritiséieren d‘Decisioun vum ADR-Nationalcomité- Et hätt een net erwaart, datt d‘ADR hir Fraktiounsstäerkt op d‘Spill setzt. An awer hätt de Message, no der Affär Tom Weidig, méi kloer misse sinn, betount d‘Stéphanie Empain, Co-Presidentin vun déi gréng.
https://tinyurl.com/msuwh6dm
🇱🇺 *Premier Luc Frieden ass zu Paräis op enger weiderer Reunioun iwwert d‘Ukrain* - Mat derbäi sinn, der Noriichtenagence Reuters no, och Litauen, Estland, Lettland, d‘Tschechesch Republik, Griicheland, Finnland, Rumänien, Schweden, Kanada a Norwegen.
https://tinyurl.com/ywh7ear7