radio 100,7
radio 100,7
February 21, 2025 at 05:01 PM
👋Gudden Owend, mam Weekend virun Aen ass hei de leschten Owesupdate fir dës Woch 📣 🇱🇺 *Majoritéit zu Hesper kritt Réckendeckung vum Inneministère* - Am Fall vun enger rezenter disziplinarescher Prozedur géint e Beamte wieren de Schäfferot an de Gemengerot hiren Obligatiounen nokomm, esou op eis Nofro hin d’Conclusioun vum Inneministère. https://tinyurl.com/5n6w33p9 🏓 *Affär Sarah de Nutte: Éierentribunal weist Appell vum Dëschtennis Diddeleng zeréck* - Anescht wéi d’Spillerin hat hire Club Appell gemaach géint deen ëffentleche Blâme, deen de Comité-directeur vun der FLTT am November géint d’Spillerin gesprach hat. https://tinyurl.com/murrspae 🌳 *Mouvement Écologique fuerdert, datt Klimasozialplang ausgeschafft gëtt* - D'Stroumpräisser fir Waasserpompelen a fir Elektrogefierer mussen och nom Ophiewe vum Präisdeckel méi gënschteg bleiwen am Verglach mat de fossillen Energien. Dat fuerdert de Mouvement écologique. https://tinyurl.com/2hh4wzw8

Comments