
RTL Lëtzebuerg
May 27, 2025 at 01:43 PM
*Gold fir d'Jenny Warling am Karate: "Eng wäertvoll Medail fir Lëtzebuerg an eng wäertvoll Medail fir mech"*
En Dënschdeg de Moien huet d'*Jenny Warling* an der Kategorie Kumite ënner 55 Kilogramm d'*Goldemedail bei den Damme* gewonnen. *An der Finall konnt sech d'Lëtzebuerger Karateka mat 5:2 géint d'Helena Backovic aus Montenegro behaapten.* Ausgedroe gouf den Turnéier am Round-Robin-Modus, wou jiddereen ee Mol géint jiddereen untrëtt an déi zwee Bescht sech dann nach ee Mol um Enn an der Finall géigeniwwer stinn.
De *kompletten Artikel* fannt Dir *hei* : https://sho.rtl.lu/mpquk4sw

👍
12