
RTL Lëtzebuerg
June 16, 2025 at 03:24 PM
*Prouf fir d'Militärparad: Militärfligeren a Police-Helikopter iwwer der Stad*
E Méindeg de Mëtteg tëscht 13.30 a 14 Auer sinn *zwee Militärfligeren an de Police-Helikopter iwwer der Stad geflunn*.
Et war eng Prouf fir d'Festivitéite vun Nationalfeierdag. Den *A400M* an den *A330 Multi Role Tanker Transport (MRTT)* hunn zwee Trainingsvolle gemaach, genee wéi den Helikopter vun der Police.
De *kompletten Artikel* fannt Dir *hei*: https://sho.rtl.lu/uq7oon2t

❤️
👍
5