
radio 100,7
May 22, 2025 at 04:58 AM
Gudde Moie mam 100,7-Moiesupdate☕ Start informéiert an den Dag
🇱🇺🪙 *Gesondheetkeess schätzt Defizit fir 2025 op 132 Milliounen Euro* - De Projektioune fir 2026 no kéint d’CNS déi legal Reserve vun 10 Prozent vum Joresbudget erreechen, allerdéngs wier dat 2027 net méi de Fall. Wéi schonn am Hierscht op der Quadripartite vun der CNS virausgesot, gouf et zejoert bei der Gesondheetskeess een Defizit vu 25,8 Milliounen Euro.
https://tinyurl.com/4cbhmav4
🚛🇵🇸 *100 weider Camionen an d‘Gazasträif gelooss* - Dat hunn déi israeelesch Autoritéite matgedeelt. Et wier Miel, Narung fir Bëbeeën a medezinesch Ausrüstung geliwwert ginn. Bis ewell wier awer näischt dovunner bei der Populatioun an der Gazasträif ukomm, heescht et vun der UN.
https://tinyurl.com/pe9vrprt
