radio 100,7
radio 100,7
May 26, 2025 at 04:14 PM
🌆 Den éischte Feierowend vun dëser Woch steet virun der Dier. Dofir hei eisen Owesupdate. 🇷🇺🇪🇺🇱🇺 *Fernand Kartheiser soll aus der EKR ausgeschloss ginn - Alexandra Schoos stellt sech hanner EU-Deputéierten* - De Fernand Kartheiser ass um Sonndeg, op eegen Initiative, op Moskau gereest, hien hat virdrun ugekënnegt, datt hie vum russesche Parlament, der Duma, invitéiert gouf, an déi Invitatioun géif unhuelen. https://tinyurl.com/3bw9ar3f 🌳🇪🇺 *"Administratiivt Monster": Martine Hansen proposéiert Vereinfachung vun EU-Reglement* - Lëtzebuerg proposéiert zesumme mat Éisträich Ännerungen um EU-Gesetz géint d‘Zerstéierung vum Bësch. https://tinyurl.com/y9z5xv3f 🇱🇺 *Fédération des artisans an CSL mat ënnerschiddleche Vuen op déi ugekënnegt Pensiounsreform* - D’Federation des artisans gesäit der geplangte Pensiounsreform positiv entgéint. D’Chambre des salariés kritiséiert déi ugekënnegt Pensiounsreform dogéint schaarf. https://tinyurl.com/3nw26v4b
Image from radio 100,7: 🌆 Den éischte Feierowend vun dëser Woch steet virun der Dier. Dofir h...

Comments