
radio 100,7
May 31, 2025 at 08:07 AM
Gudde Moien op dësem nach sonnege Samschdeg☀️ Zäit fir ze kucken, wat dës Woch sou an der Kultur gelaf ass🎭🎶
🎭 *Opgepasst: Marionetten a Scheieren, Garagen, an de Stroossen* - A wa se net gestuerwe sinn, dann danzen se nach haut? Effektiv, "se", also d'Marionetten, sinn nees lass. Zu Toodler ass iwwer Päischten di 10. Editioun vum Marionettefestival.
https://tinyurl.com/5n7nnyd6
🎶 *Glass for Two* - Glass for Two ass den Titel vum Concert, deen de Vibraphonist Pascal Schumacher zesumme mat der Pianistin Danae Dörken den 1. Juni um 5 Auer an der Loretto Kapell zu Klierf gëtt.
https://tinyurl.com/bddyebsm
🎭 *Aarbechtsgesten als Konschtperformance* - D’Wieder weess alt nees net wierklech, wat et wëllt, mee d’Konscht awer. An dowéinst invitéiert d’Ekipp vum Neimënster dëse Sonndeg op hiren neie Festival L’embellie.
https://tinyurl.com/42hk49wy
