
radio 100,7
June 6, 2025 at 03:57 PM
👋 Wat war haut op dësem Freideg alles vu Wichtegkeet an der Aktualitéit? Eisen Owesupdate gëtt Iech een Iwwerbléck👇
🌳🇱🇺 *Klimasozialplang: CSL, OGBL, LCGB a Mouveco formuléieren ee gemeinsamen Avis* - Si fuerderen, datt déi sozial-ökologesch Transformatioun zur politescher Prioritéit gëtt.
https://tinyurl.com/2uf2dtx2
✈️🇪🇺 *Europäesche Konsumenten-Zenter: 85 Prozent vun de Passagéier verléieren hiert Kompensatiouns-Recht* - Eng Majoritéit vun den EU-Verkéiersministeren huet sech gëschter um Donneschdeg zu Lëtzebuerg fir dës Ännerung ausgeschwat.
https://tinyurl.com/arz2z4rs
🚨 *D'Associatioun La Voix des Survivant(e)s schléit Alarm* - D'Associatioun warnt, datt d'Kannerrechter zu Lëtzebuerg massiv a Gefor wieren, a reagéiert an engem Communiqué op Aussoe vum Procureur d'État adjoint David Lentz vun dëser Woch am 100,7-Interview.
https://tinyurl.com/mr45svv4
