
radio 100,7
June 13, 2025 at 03:22 PM
👋 Wat war haut op dësem Freideg alles vu Wichtegkeet an der Aktualitéit? Eisen Owesupdate gëtt Iech een Iwwerbléck👇
*Lëtzebuerg wëllt op der UNO-Konferenz Decisioun huelen* - De Premier wäert mam Ausseminister Xavier Bettel op New York reesen.
https://tinyurl.com/mrxkfyat
*Lex Delles kritiséiert däitsch Grenzkontrollen* - Fir un de 40. Anniversaire vum Schengener Accord ze erënneren, war um Freidegmëtteg an der Chamber eng Sëtzung vum Benelux-Parlament.
https://tinyurl.com/37th53zs
*Diddelenger Gemeng kéint Schuedenersatz géint e Beamte kloen* - Deen elo pensionéierte Beamte war zu 18 Méint Prisong, integral op Sursis, an enger Amende vu 65.000 Euro verurteelt ginn.
https://tinyurl.com/373b7a8u
