
radio 100,7
June 19, 2025 at 04:57 AM
☕👋 E gudde Moie vum Kierchbierg gewënscht. Mir liwweren Iech wéi gewinnt den Iwwerbléck iwwer d’Aktualitéit.
🌳🇪🇺🇱🇺 *"Eng Basta-Politik": Greenpeace Lëtzebuerg kritiséiert déi Lëtzebuerger Ëmweltpolitik* - D'ONGe Greenpeace Lëtzebuerg an natur&ëmwelt kritiséieren déi rezent Aussoe vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer d'EU-Deforestatiounsgesetz.
https://tinyurl.com/mwnpuvs4
🚗🚨 *Sécurité Routière: Autosfuerer solle virsiichteg fueren* - An der Suite vun dräi déidleche Verkéiersaccidenter an de leschte siwen Deeg mécht d’Sécurité Routière op en Neits en Appell fir virsiichteg op de Stroossen ze sinn a sech un de Code de la route ze halen.
https://tinyurl.com/bdz25m3h
🇺🇸🇮🇷🇮🇱 *Interventioun an de Krich? Den Donald Trump léisst sech net an d'Kaarte kucken* - Kee weess, wat ech wäert maachen, sot hie bei engem Gespréich mat Journaliste virum Wäissen Haus, woubäi hien nach preziséiert huet, datt hien nach keng definitiv Decisioun geholl hätt.
https://tinyurl.com/564psmwy
