radio 100,7
radio 100,7
June 19, 2025 at 04:30 PM
Gudden Owend an ärem News-Update! Hei e puer Noriichte fir Iech erausgepickt🗞️ 🚀 *Blue Origin kënnt op Lëtzebuerg* - Eng nei Firma aus dem Space-Beräich kënnt op Lëtzebuerg. De Wirtschaftsministère deelt an engem Communiqué mat, dass d‘Firma Blue Origin hiren europäesche Büro zu Lëtzebuerg opmécht. https://tinyurl.com/2f35p9ez 🔬🧪 *Neie Start fir de Science Center zu Déifferdeng* - Dem Public wëll een eng Rei nei Projeten ubidden. Dorënner fir d'éischte Kéier eng temporär Ausstellung, iwwert de Verbrennungsmotor. https://tinyurl.com/3e6jrbsf 🛩️️ *Cargolux-Läschfliger an der Tierkei accidentéiert* - Den Accident ass geschitt, wéi de Fliger wollt Waasser tanken. De Pilot an den tierkeschen Observateur u Bord, hätten sech selwer kënnen aus der Maschin befreien. https://tinyurl.com/5n7hj75w
Image from radio 100,7: Gudden Owend an ärem News-Update! Hei e puer Noriichte fir Iech erausg...

Comments