
radio 100,7
June 20, 2025 at 05:03 AM
👋🗞️ De Weekend an Nationalfeierdag sti virun der Dier. Dofir eng leschte Kéier fir dës Woch eise Moiesupdate.
✝️🏢 *De Lëtzebuerger Architekt an Urbanist Léon Krier ass dout* - Hien huet zu Stuttgart studéiert, fir duerno zu London a Berlin säin Handwierk ze léieren. 20 Joer laang huet hien an England als Architekt an Urbanist geschafft oder Course gehalen.
https://tinyurl.com/y7w7bwzr
🚑🚒 *De CGDIS zitt de Bilan vum Joer 2024* - Bal 72.000 Mol war de CGDIS d’lescht Joer am Asaz. Ronn dausend méi Interventioune wéi am Joer 2023. Dat geet aus dem CGDIS-Joresrapport vum Joer 2024 ervir.
https://tinyurl.com/4at7nw9w
⚖️🇱🇺 *Fall vu Selbstjustiz zu Mamer: Parquet stellt keng rietsextreem Liene fest* - D'Lëtzebuerger Wort hat an där Affär vun engem méigleche Lien zu sougenannte Pedo-Hunter-Netzwierker ugedeit, also zu Gruppéierungen, déi sech op de Kampf géint Pedokrimineller spezialiséiert hunn.
https://tinyurl.com/3fhdh6t5
